Willkommen bei Konterbont!

Zënter 2015 engagéiert sech Konterbont mat Haerz a Kreativitéit fir d’Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun de Menschen, déi zu Lëtzebuerg wunnen, besonnesch d’Kanner an hir Famillje.

Ursprénglech ass d’Konterbont gegrënnt ginn, mam Zil de Leit, déi am Foyer fir d’Demandeurs de protection internationale (DPI) zu Weilerbach gewunnt hunn, ze hëllefen. Séier hunn d’Memberen vun der Konterbont – ëmmer opmierksam vis-à-vis vun hire Matmënschen – decidéiert, sech och fir jidderen anzusetzen, denen et zu Lëtzebuerg net esou gutt geet.

Vu praktescher Hëllef iwwer d’Organisatioun vun interkulturellen Evenementer bis zur Zesummenaarbecht mat der Musekschoul ass d’Konterbont an enger grousser Villfalt vu Projeten an Aktivitéiten involvéiert, wéi zum Beispill:

  • Eispist-Nomëtten u Familljen schenken
  • Familljen bei Fester an der Regioun invitéieren
  • Interkulturell Fester organiséieren
  • Schoulmaterial erbäischafen
  • Fräizäitaktivitéiten gestalten

D’Konterbont schafft an enker Collaboratioun mat den Offices sociaux an der Regioun.

 Am Kader vu sengen Engagementer kann d’Konterbont mat der generéis Ënnerstëtzung vu lokalen Boutiquen an treien Donateuren rechnen.